Klassik aktuell
Vivaldi à l'opéra
De Komponist Antonio Vivaldi ass gréisstendeels fir seng Geieconcertoe bekannt, ganz besonnesch seng "Véier Joreszäiten". Geschriwwen huet hien awer vill méi: Iwwer 500 Concertoen, ronn 90 Sonaten an och 46 Opere fënnt een a sengem Katalog. Dës lescht Gattung steet am Mëttelpunkt vum nächste Midi Musical, dësen Donneschdeg (2.09) um hallwer eng an der Protestantescher Kierch an der Stad. Ënner dem Titel "Vivaldi à l'Opéra" proposéiert den Ensembel Ad Libitum zesumme mat der Sopranistin Isabelle Felten verschidden Airen aus dem Vivaldi senge Wierker.
Fir méi iwwer dësen Optrëtt gewuer ze ginn, huet sech de Luc Boentges mat der Solistin getraff