Kannerkëscht
Weltdag Alphabetiséierung
3 min
"Hues de an der Zeitung oder an deem an deem Buch gelies ...", "Se hu geschriwwen, datt ...", Sätz, bei deenen ee sech esou direkt net vill Froe stellt. Just wann ee Problemer mam Liesen huet, oder guer net liese kann, da stellt dee Saz en Obstakel duer, wou een net driwwer kënnt.
Net Liesen a Schreiwe kënne oder Problemer beim Liesen a Schreiwen ze hunn, ass eng Realitéit, mat där bal 800 Millioune Mënschen op der Welt geplot sinn, an dorënner och ganz, ganz vill Kanner. Muer ass de Weltdag vun der Alphabetiséierung, an de Jean Claude Majerus huet sech domat beschäftegt.