Klassik aktuell
"Ariadne auf Naxos" zu Saarbrécken
An der Oper "Ariadne auf Naxos" gëtt verzielt, wéi an engem räiche Wiener Haus d'Virbereedunge lafe fir d'Opféierung vun engem Drama a vun enger Comédie. Den Duo Richard Strauss an Hugo von Hofmannsthal stellt mat dëser Partitur d'Fro, ob een usprochsvoll Konscht mat liichter Ënnerhalung matenee verschmëlze kann. D'Regisseurinnen Alexandra Szemerédy a Magolina Parditka hu fir hir Saarbrécker Produktioun "Ariadne auf Naxos" op d'Problematik, wéi ee mat Theater a Pandemies-Zäiten ëmgeet, adaptéiert. Première ass e Sonndeg, 12. September 2021, um 18:00 Auer am Saarbrécker Staatstheater. De Manuel Ribeiro huet mat deenen zwou Regisseurinne geschwat.