Klassik aktuell
Net just e passionéierte Museker
Iwwer Joerhonnerte war et Traditioun, Komponisten op de Podest ze stellen, si als aussergewéinlech Mënschen ze presentéieren - wäit ewech vum Alldag a vum gewéinleche Liewen. D'Realitéit ass natierlech eng aner. Komponisten hunn net just an enger Nouten- a Klangwelt gelieft, si haten och hir Suergen, hir Ängschten, hu Kanner erzunn, Famille missen ernären an hu sech och fir vill aner Saachen ausser Musek interesséiert. De Richard Strauss huet fir säi Liewe gäre Kaart gespillt, de Mozart koum laanscht kee Billardsdësch, dem Rossini seng Passioun fir d'Kachen ass legendär, an den Antonin Dvorak, deen den 8. September 1841 zu Nelahozeves op d'Welt koum, war e passionéierten Eisebunner.