Klassik aktuell
Leipziger Mörderquartett
Schreiwen ass hir Passioun: D'Tatjana Böhme-Mehner schafft an der Philharmonie um Kierchbierg an ass do fir eng ganz Rei Texter an de Publikatioune vum Concertshaus zoustänneg. Och no der Aarbecht hält d'Schreiwe fir si net op. Dann entstinn allerdéngs e bëssen aner Texter.
Beim Gemeiner-Verlag huet d'Tatjana Böhme-Mehner elo hiren éischte Kriminalroman mam Titel "Leipziger Mörderquartett" publizéiert, an där d'Museksjournalistin Anna Schneider zesumme mam Braatschist Habakuk C. Brausewind an engem Mordfall ermëttelt.
Am Gespréich mam Luc Boentges schwätzt d'Tatjana Böhme-Mehner iwwer d'Handlung an déi autobiographesch Zich vun hire Protagonisten.