Klassik aktuell
De Ritter a säi Schwan
"Mein lieber Schwan" - seet een haut, wann ee sech wonnert oder betoune wëllt, datt et emol nach eng Kéier gutt gaangen ass. Vläicht huet de Richard Wagner dat och gesot, no der Première vu senger Oper "Lohengrin" 1850 zu Weimar - a sech domadder selwer zitéiert. De Komponist konnt sengerzäit net op Weimar reesen, well e wéinst senge politeschen Aktivitéiten nach an der Schwäiz am Exil war. Véier Joer huet hien u senger Oper ronderëm d'Geschicht vum Schwanenritter geschafft. Den 9. September 1846 huet de Richard Wagner mat der Aarbecht un der Instrumentatioun an de Chouersätz ugefaangen.