Klassik aktuell
De Fiasko "Benvenuto Cellini"
An der Museksgeschicht ginn et vill Beispiller vun Operen, déi bei der Première guer net ukoumen, well se net dem Geescht vun der Zäit entsprach hunn. Nei un der Oper "Benvenuto Cellini" vum Hector Berlioz war net just d'Konzept, mee och d'Virbereedung war schlecht geplangt. D'Museker hu fir chaotesch Prouwe gesuergt an d'Partitur kritiséiert. Den Hector Berlioz hat domat seng Chance, an der fréierer Paräisser Oper unzekommen, den 10. September 1838, definitiv a fir ëmmer verpasst. De Manuel Ribeiro erënnert un dës Episod.