Klassik aktuell
Canto Ostinato
De Canto Ostinato vum Simeon Te Holt ass e Wierk, dat vum Konzept hier bal keng Limitt kennt. Wann ee wéilt, kéint d'Stéck Stonnen a Stonnen ouni Enn gespillt ginn. D'Wierk, dat op fënnef Noute baséiert, huet d'Eegenschaft de Publikum an d'Interpreten esou ze kaptivéieren, datt kee mierkt, wéi d'Zäit vergeet. De Victor Kraus Group huet Canto Ostinato zanter 2015 reegelméisseg opgeféiert. Den Ensembel ass de 17. September am Dillinger Lokschuppen am Kader vun de Musikfestspiele Saar ze héieren - e Concert ënner dem Motto "Auf der Suche nach Unendlichkeit". De Manuel Ribeiro huet mam Victor Kraus geschwat.