arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Wunderkinder der Musikgeschichte"
2002 huet sech mat de MozartWochenEifel een neie Festival an der Groussregioun etabléiert, deen et reegelméisseg fäerdegbréngt, attraktiv Programmer mat Symphonieconcerten, Chouerliteratur a Kammermusek zesummenzestellen. D'Editioun 2021 vun de MozartWochenEifel fänkt den 31. Oktober zu Prüm an der Basilika un. Den Theema vun dësem Joer ass: Mozart und Mendelssohn - Wunderkinder der Musikgeschichte.