arrow_back_ios
Klassik aktuell
De Beethoven entschëllegt sech
Suen hunn am Ludwig van Beethoven senger Jugend eng grouss Roll gespillt. Säi Papp huet se quasi esou séier ausginn, wéi hie se verdéngt huet, a wier de jonke Museker net ëmmer erëm vu räiche Famillen ënnerstëtzt ginn, hätt säi Liewe warscheinlech ganz anescht ausgesinn. Och de 15. September 1787 sinn dem Komponist seng Gedanke ganz bei de Suen. Deen Dag schreift hien deen éischte Bréif, dee bis haut erhalen ass.