Al Schanken
Al Schanken
Den Duebel-Album "Live Dates" vu Wishbone Ash (November 1973) besteet aus Opnamen, déi de Quartett aus dem engleschen Devonshire wärend enger Summertour e puer Méint virdrun queesch uechter d'Insel realiséiert huet.
Mat dem Duo Andy Powell an Ted Turner kommen op "Live Dates" virun allem d'Gittarefans op hir Käschten. Unisono heescht et, datt d'Band op dësem Live méi aus hirem Repertoire eraushëlt, wéi dat op de bis dato véier Studiowierker (ë. a. "Pilgrimage" an "Argus") de Fall war.
Den Turner verléisst d'Grupp no der Sortie vu "Live Dates". Un déi grouss Siwwenzeger Jore knäppt Wishbone Ash duerno net méi un. No juristesche Streidereien gëtt et haut d'Band Wishbone Ash mam Andy Powell an déi aner Formatioun Martin Turner (ex-Wishbone Ash). Am Februar 2020 koum mat "Coat Of Arms", dee bis ewell 24. Album vu Wishbone Ash eraus.
De Line Up vu "Live Dates": Andy Powell (Gittaren, Gesang), Ted Turner (Gittaren, Gesang), Martin Turner (Bass, Gesang), Steve Upton (Drums).
D'Playlëscht vun haut:
Sugar - Believe What Your Saying (File Under: Easy Listening, 1994)
Ride - From Time To Time (Carnival Of Light, 1994)
Spoon - The Way We Get By (Kill The Moonlight, 2002)
The House Of Love - Days Run Away (Days Run Away, 2005)
Stan Ridgway - 16 Tons (Anatomy, 1999)
The Cars - Good Times Roll (The Cars, 1978)
Wishbone Ash - The King Will Come (Live Dates, 1973)
Wishbone Ash - Blowin Free (Live Dates, 1973)
Pearl Jam - Off He Goes (No Code, 1996)
Spacehog - In The Meantime (Spacehog, 1994)
Smashin Pumpkins - 1979 (Mellon Collie and the Infinite Sadness, 1996)
Creedence Clearwater Revival - Suzie Q Part 1 (CCR, 1968)