Klassik aktuell
Eng Kreatioun fir den éischte Concert vun der Saison
Fir den éischten Concert-apéritif vun den Amis de l'OPL fir dës Saison e Sonndeg an der Philharmonie steet e Blechquintett um Programm. Déi fënnef Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spille Wierker vum Samuel Scheidt, Claude Debussy, Enrique Crespo an och en Kreatioun vum Ivan Boumans.
De Lëtzebuerger Komponist huet e besonnesche Goût fir Humor a seng Musek ze bréngen. Dofir däerf een op eng Suite fir Blechquintett mam Titel "Brasseries" gespaant sinn. De Manuel Ribeiro huet mam Komponist Ivan Boumans an och mam Cornist Leo Halsdorf geschwat.