Album vun der Woch
Little Simz - Sometimes I Might Be Introvert
D'Londoner Rapperin Little Simz liwwert mat hirem véierten Album e Manifest fir Concious Rap aus Groussbritannien of. An enger Zäit, wou Hip-Hop dominéiert gëtt vun eidele Floskelen, vu Gros-Mots an auswiesselbare Beats, ass den neie Little-Simz-Album e richtege Bijou. En hieft sech of aus dem Sumpf vu Verëffentlechungen, déi Klischeeën imitéieren, déi haut hip a muer vergiess sinn. Et ass en Album mat Substanz a Bestand vun enger Kënschtlerin, déi no enger kuerzer a ganz produktiver Karriär hir Stëmm fonnt huet. Si trëtt selbstsécher an determinéiert op a positionéiert sech ënner déi wichtegst brittesch Museker.
Den Yves Stephany proposéiert "Sometimes I Might Be Introvert" als Album vun der Woch.