Klassik aktuell
Kläng aus dem héijen Norden
Seng Musek kléngt alles anescht wéi déi aus dem 20. Joerhonnert. Musikalesch hätt de Jean Sibelius éischter an 19. Joerhonnert gepasst. Vläicht ass et doduerch, datt hien grad esou vill Kritiker wéi Bewonnerer hat. Säi ganzt Liewe soll de Finn virun allem no de rengste Klangfaarwe gestrieft hunn, Klangfaarwen, déi virun allem a senge Sinfonien, déi no groussaartege méi kale Landschaften ootmen, ze fanne sinn.
De Jean Sibelius ass den 20. September 1957 gestuerwen an de Manuel Ribeiro erënnert nees emol un de Komponist aus dem héijen Norden.