Klassik aktuell
D'Urfassung vun "Der Geiger von Echternach"
Den 9. Juli 1972 war an der Basilika zu Iechternach d'Uropféierung vun "Der Geiger von Echternach", den Oratorium vun der Lou Koster. Et war der Komponistin hiert lescht Wierk. De Pierre Cao hat d'Orchestratioun gemaach an och d'Première dirigéiert. D'Lou Koster hat sech iwwer Jore mam Nikolaus Welter sengem Text beschäftegt a sech Enn de 60er Joren dru gemaach, d'Geschicht vum Geiger an Oratorie-Form ze bréngen. An der Urfassung ass "Der Geiger von Echternach" just fir Piano a Sängerensembel besat, an dës Fassung gëtt elo op Disk - mam Pianist Claude Weber, der Geiistin Sandrine Cantoreggi an dem Ensemble Singer Pur.