arrow_back_ios
Klassik aktuell
Equilibréiert an dynamesch
De Grigori Sokolow ass als immens exigente Pianist bekannt. Dës Exigenz bezitt sech net nëmmen op sech selwer respektiv seng Interpretatiounen, mee och op d'Instrumenter, op deenen hie spillt.
Am Stater Conservatoire steet elo en neie Concertsfligel, deen de Grigori Sokolow erausgesicht huet. Wéi koum et dozou? A wéi gëtt dat neit Instrument elo agesat? De Luc Boentges huet beim Pianist an Directeur-adjoint vum Stater Conservatoire Serge Bausch nogefrot.