arrow_back_ios
Europa Aktuell
Entweite Kiercher nei notzen - dat geet just am Dialog
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Dënschdeg, den 19. Oktober, gëtt zu Zowaasch am Süde vum Land eng Kierch ageweit: Net fir reliéis Zwecker, mee fir kulturell Zwecker. Virun zwee Joer gouf d'Helleg-Bärbel-Kierch nämlech vum Bistum entweit. Vun deem Moment un dierfen do keng reliéis Zeremonië méi ofgehale ginn. Wéi kënne sou Sakralbauten nei genotzt ginn? Mat dëser Fro hu sech Vertrieder vu Bistum, Gemeng, Denkmalschutz-Service an Architekten viru kuerzem op enger Table Ronde beschäftegt.