Klassik aktuell
Wonnerkand an Erneierer
Am Joer 1876 gëtt d'Läich vum Vincenzo Bellini vum Paräisser Kierfecht Père Lachaise op Catania, an d'Heemechtsstad vum Komponist transferéiert. Bis haut gëtt de Vincenzo Bellini an där süditalieenescher Stad veréiert. Den Centro Studi Belliniani këmmert sech ëm d'Fuerschung ronderëm de Komponist a säi Wierk. 2003 koum deen éischte Band vun der kritescher Bellini-Editioun eraus. De Vincenzo Bellini huet a sengem kuerze Liewen, e stierft mat 33 Joer den 23. September 1835, d'Operewelt markéiert a verännert.