Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Manu Chao - São Paulo Motoboy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

"Radar Love" ass de Kultsong vun der hollännescher Formatioun Golden Earring a kritt op engem Site dann och eng aussergewéinlech Opmierksamkeet: hei fënnt een eng Hellewull Geschichten an Date ronderëm dës Kompositioun, vun Enn Dezember 1972, wéi de Gittarist Barry Hay den Text vum Lidd geschriwwen huet (d'Melodie ass vum anere Gittarist George Koymans) bis haut, de leschte Bäitrag ass datéiert September 2021.

Opgezielt gëtt an dräi Sproochen (Englesch, Hollännesch an Däitsch) a Joer fir Joer, wat schonns alles mat dësem Lidd geschitt ass: Präisser an Auszeechnunge ginn ernimmt, et gëtt ee gewuer, datt et e puer spezifesch Expoen iwwer den Hit vun der Band gouf, et staunt een iwwer déi vill Asätz vu "Radar Love" a Publicitéiten, Filmer an TV-Serien, och gëtt op eng etlech méi speziell Coverversiounen higewisen, dat geet vu Peru iwwer Curaçao an Neuseeland bis op ... Lëtzebuerg. Fir 2007 vermellt de Site: "In February www.radar-love.net welcomes the 300th cover of Radar Love by a band from Luxemburg: Fascination with their Jubilee DVD."

Dës Zäitrees betitelt "Time Travel Of The Ultimate Drivin' Song" ass eng Realisatioun vu Moontan Publishing. "Moontan" ass den Numm vum Album, op deem "Radar Love" 1973 fir d'éischt erauskoum.

D'Playlëscht:


Frijid Pink - The House Of The Rising Sun (Frijid Pink, 1970)
The Jazz Butcher - Southern Mark Smith (A Scandal In Bohemia, 1984)
Webb Wilder - Tough It Out (Doo Dad, 1991)
Kaleidoscope - You Don't Love Me (A Beacon From Mars, 1968)
Baytovens - My House (single only, 1966)
Roogalator - All Aboard (All Aboard, 1976)
Golden Earring - Radar Love live (The Naked Truth, 1992)
Golden Earring - Eight Miles High live (The Naked Truth, 1992)
Chris Robinson Brotherhood - Someday Past The Sunset (The Magic Door, 2012)
Red Hot Chili Peppers - Dani California (Stadium Arcadium, 2006)
Stevie Ray Vaughan - Texas Flood (Texas Flood, 1983)
J.J.Cale - Durango (Anyway The Wind Blows - The Anthology, 1997)




Episoden

Paul Rodgers live

De Mann aus Middlesbrough zielt zu de grousse Stëmmen am Rockbusiness … a steet bis haut op ausverkaafte Bünen an am Studio: säi bis ewell leschten Album “Midnight Rose” koum am September 2023 eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Et geet ëm d‘Lidd

It’s all about the song: op Allerhellege geet et an der Haaptsaach ëm d’Lidd ... an dofir stinn dann och Nimm aus dem Genre Singer/Songwriter op der Playlist.
headphones

60 min

play_arrow

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow