Klassik aktuell
D'Piano Days am Escher Conservatoire
Wann een e fuschneien D-Fligel vu Steinway an Sons, deen ee selwer erausgesicht huet, vun Hamburg geliwwert kritt, da soll een dee méiglechst séier mat Récitalen an d'Vitrinn stellen. Dat mécht den Escher Conservatoire elo um Weekend vum 1. bis den 3. Oktober 2021 mat senge Piano Days. Enseignanten, de Gewënner vum Busoni-Concours an och Studente wäerten op deem neie Fligel hiert Kënne beweisen. De Manuel Ribeiro war op Esch an de Conservatoire, sech deen neie Fligel ukucken an huet och mam Direkter vum haus, dem Marc Treinen, iwwer d'Piano Days geschwat.