arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Lidd fir de King
Zanter bal 70 Joer gëtt an England "God Save the Queen" gesongen, wann d'Kinnigin Elisabeth II. oder Membere vun der Windsor-Famill een offiziellen Optrëtt hunn. Deen éischten englesche Monarch, deem dës Zeilen gegollt hunn, war den George II. Den 28. September 1745 gouf "God Save the King" fir d'éischte Kéier am Drury Lane Theatre zu London gesongen.