Kultur
Aacht Froen un de Jean-Philippe Rossignol - Kultur lx
Hien ass Schrëftsteller, Essayist, Editeur, Literaturkritiker. Säi Roman "Vie électrique" koum 2011 bei Gallimard eraus, "Juan Fortuna" 2015 bei Christian Bourgeois. Elo ass de Jean-Philippe Rossignol deen neie Responsabele fir de Secteur Literatur an Editioun bei Kultur lx. Eng ronn zéng Kandidature waren erakomm fir dëse Posten ze besetzen. De Comité de Recrutement, deen aus Membere vum Verwaltungsrot a Vertrieder aus dem Lëtzebuerger Literaturliewen zesummegesat war, huet d'Strategie vum Arts Council befollegt an no enger Persoun gesicht, déi um Gebitt vun der Literatur an der Editioun eng Erfarung matbréngt, grad esou wéi international Connectiounen huet.
D'Valerija Berdi huet beim Jean-Philippe Rossignol nogefrot, wéi hie säin neien Job gesäit, an ob hien dann och all déi gefuerdert Krittären erfëllt.