Europa Aktuell
Aus TTIP gëtt TTC
Aus T-TIP gëtt TTC - woubäi dat eent net dat selwecht ass, wéi dat anert!
TTIP, deen ëmstriddenen EU-Handelsaccord mat den USA ass zanter Jore vum Dësch. Dofir hat virun allem de fréieren amerikanesche President Donald Trump gesuergt. Zanter datt den Joe Biden seng Plaz am Wäissen Haus ageholl huet, hofft d'EU op besser Zäiten. Déi sollen elo mam TTC - dem Trade and Technology Council - lancéiert ginn. De Startschoss fir déi amerikanesch-europäesch Plattform fält haut zu Pittsburgh. D'Danièle Weber iwwer dat neit Kapitel an den trans-atlanteschen Handelsrelatiounen.