Klassik aktuell
D'Piano Days am Escher Conservatoire
Wann een e fuschneien D-Fligel vu Steinway a Sons, deen ee selwer erausgesicht huet, direkt vun Hamburg aus geliwwert kritt, da soll een dee méiglechst séier mat Recitalen an d'Vitrinn stellen. Dat huet den Escher Conservatoire elo um Weekend vum 1. bis den 3. Oktober 2021 mat senge Piano Days geplangt. Enseignanten, de Gewënner vum Busoni Concours wéi och Studenten wäerten op deem neie Fligel hiert Kënne beweisen.
De Manuel Ribeiro war op Esch an de Conservatoire deen neie Fligel bewonneren an huet mam Marc Treinen och iwwer d'Piano Days geschwat.