Europa Aktuell
EP fuerdert Datebank vu Medikamenter fir Penurië virzegräifen
D'Europäesch Medikamenten-Agence, d'EMA, soll renforcéiert ginn. Dat ass eng vun de Konsequenzen, déi d'EU aus der Corona-Pandemie zéie wëllt. D'Pandemie huet nämlech d'Limitte vun där Agence gewisen. Doriwwer wéi genee eng Reform ausgesäit, diskutéieren den Ament d'Europaparlament an d'Memberlänner mateneen. Op der Reunioun haut soll probéiert ginn, zu engem Accord ze kommen. Verschidde Beräicher sinn nach ëmstridden.
An der Diskussioun ass zum Beispill d'Iddi vun enger Datebank, déi et erlabe géif, d'Stocke vu Medikamenter besser ze iwwerwaachen an esou de Risiko vun enger Penurie méi klEng ze maachen. D'Agathe Cherki huet déi Diskussioun suivéiert.