arrow_back_ios
Klassik aktuell
Am Schiet vum Grieg
Beim Stéchwuert "Komponist aus Norwegen" fält stante pede een Numm: Edvard Grieg. Am Schiet vum Protagonist vun der norwegescher Romantik verstoppt sech säi Landsmann an Zäitgenosse Johan Svendsen. Obschonns et vill Parallelitéiten a béider Liewen a Musek gëtt, déi grouss international Renommée blouf dem Johan Svendsen verwiert. Den 30. September 1840 koum de Komponist zu Christiana op d'Welt.