Klassik aktuell
Net just den Apprenti-Sorcier
Jidderee kennt d'Haaptthema vum "Apprenti-Sorcier" vum Paul Dukas, deen am Disney-Zeechentrick "Fantasia" am Mëttelpunkt steet. Mee och wann vum Paul Dukas net vill Kompositiounen bis haut iwwerlieft hunn, huet hien wäit méi, wéi just dës Toundichtung geschriwwen. Zu Liefzäiten huet den Dukas nieft dem Ravel ass ee vun deene beschten Orchestrateure gegollen. Leider huet säi Perfektionismus de Paul Dukas derzou bruecht, vill vu senge Partituren ze zerstéieren. De Kompoonist a Pedagog aus dem Paräisser Conservatoire Paul Dukas koum den 1. Oktober 1865 op d'Welt.