Klassik aktuell
Wien - Leipzig - Wien: Meisterwerke für Cello und Klavier
Vun dëser Saison un - an dat ass nei - fänken all d'Concerten an der Serie "Camerata" vun de Solistes Européens, Luxembourg net méi um 20.00 mee um 19.30 Auer un. "Wien - Leipzig - Wien: Meisterwerke für Cello und Klavier", esou iwwerschreift sech den éischte Concert vun der Saison en nächste Méindeg, 11. Oktober, am Kammermuseksall vun der Philharmonie. Solist ass de Solo-Cellist vum Orchester, den Alexander Kaganovsky. Um Piano ass den Gerardo Vila ze héieren. De Manuel Ribeiro huet mam Direkter vun de Solistes Européens, dem Eugène Prim, geschwat.