arrow_back_ios
Klassik aktuell
Anton Bruckner
Den 11. Oktober 1896 ass zu Wien mam Anton Bruckner e Komponist gestuerwen, deen haut net méi aus dem Repertoire ewech ze denken ass. Zu Liefzäiten huet säi Succès allerdéngs laang op sech waarde gelooss. An der Serie Komponist vum Mount werft de Guy Engels e Bléck op d'Liewe vum Anton Bruckner, seng Kompositiounen an d'Interpretatioune vu senge Wierker. Am Gespréich mam Luc Boentges gëtt de Guy Engels e klengen Ausbléck op d'Serie, déi ëmmer Mëttwoch um 20 vir zwielef leeft.