2019 hu sech d'Geiistin Ryoko Yano, d'Cellistin Anik Schwall an d'Pianistin Zala Kravos als Trio zesummegedoen. Antëscht huet den Trio schonn en etlech Optrëtt hannert a war ënner anerem bei der Fête de la Musique zu Iechternach mat derbäi. Et ass deemno keen Zoufall, datt den Trio Yano-Schwall-Kravos fir d'Editioun 2021 vum Festival Echter'Classic Artist in Residence am Trifolion ass, dee mat där Initiative nei Weeër geet.
arrow_back_ios