Mam Festival Echter'Classic gräift den Trifolion op eng laang Traditioun zu Iechternach zeréck, proposéiert awer konzeptuell eng aner Programmatioun. De Festival huet een Trio en Résidence a fir d'Ouverture muer Freideg d'Sinfonietta Echternach invitéiert. Hannert dësem Numm verstoppt sech den Ensemble vun den Enseignanten vun der Iechternacher Museksschoul.
arrow_back_ios