arrow_back_ios
Klassik aktuell
"Auf Flügeln des Gesanges"
Lied - op franséisch Mélodie - ass ee ganz apaarte Genre am klassesche Répertoire. E verlaangt eng nach méi intensiv musikalesch Kommunikatioun tëschent Sänger a Pianist, fir a kuerzer Zäit eng Geschicht an all hire Facetten, mat all hiren Emotiounen op de Punkt ze bréngen. A Resonanzen proposéiere mer iech vu muer un an enger neier Serie een Abléck an déi ganz intim Welt vum Lied - zesumme mam Trio Cénacle. Woch fir Woch stelle mer e Lidd an de Mëttelpunkt a kucken op wichteg Aspekter vum Text a vun der Musek.