arrow_back_ios
Klassik aktuell
Leschten Optrëtt a Polen
De Frédéric Chopin hat net nëmmen seng Ausstrahlung als Virtuos, mee war vrun allem als Komponist Traditionalist an awer och Erneierer. Traditionalist, andeems en op déi polnesch Wuerzelen zeréckgegraff huet, Erneierer andeems en eng ganz aner musikalesch Sprooch geschwat huet, eppes a senger Musek gewot huet. Den 11. Oktober 1830 war d'Uropféierung vu sengem éischte Pianosconcerto.