arrow_back_ios
Klassik aktuell
Gedenkconcert zu Fünfbrunnen
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
D'Klouschter zu Fünfbrunnen gouf am Laf vum Zweete Weltkrich vun den Nationalsozialiste fir d'Internéierung an d'Deportatioun vu Judden aus Lëtzebuerg genotzt. Fir dorun z'erënneren organiséiert de Klenge Maarnicher Festival zanter 1995 an dësem Klouschter Gedenkconcerten. Dëst Joer steet en Optrëtt vum Klarinettist Sébastien Duguet zesumme mam Bandonéonist Daniel Gruselle op der Affiche.
Wéi stellt een de Programm fir esou ee Concert mémoire zesummen? Ënnert anerem doriwwer schwätzt de Luc Boentges mam Sébastien Duguet.