arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Lusophon à l'honneur
headphones
7 min
Lauschteren
play_arrow
Datt et a Portugal an deene leschten 200 Joer och Komponiste gouf, déi nom Modell vun hiren däitschen, franséischen oder englesche Musekerkolleege komponéiert hunn, ass wéineg gewosst. Nach haut ginn déi lusophon Komponiste kaum gespillt, ausser an hire Länner. Ee vun deene wichtegste Komponisten aus Portugal war de Luis Freitas Branco. Hie koum den 12. Oktober 1890 zu Lissabon op d'Welt. De Manuel Ribeiro huet e Portrait vum Komponist a Pedagog gezeechent.