Klassik aktuell
The King and the Fairies
8 min
Mat engem Titel wéi "The King and the Fairies" ass een op dem Henry Purcell seng semi-Oper "The Fairy Queen", verwisen. Eng ganz Equipe vun Enseignanten aus dem Stater Conservatoire huet sech zesummegedoen, fir dem Purcell säi Wierk z'adaptéieren, wann net esouguer zum gréissten Deel ze veränneren. Nieft den Enseignanten sinn och Schüler vun der Class d'art lyrique vum Conservatoire fir zwou Virstellungen dëse Weekend (15. & 17. Oktober 2021) op der Bühn. De Manuel Ribeiro huet mat der Monique Simon geschwat, Gesangsprofessorin am Conservatoire a mat responsabel fir d'Mise en scène.