Al Schanken
Al Schanken
60 min
Beim Numm Gregg Allman denkt een direkt un d'Allman Brothers Band, eng Formatioun déi de Gregg (1947 - 2017) zesumme mat sengem Brudder Duane (1946 - 1979) a weidere Kolleege gegrënnt hat. D'Band stoung bis zu hirer Opléisung am Joer 2014 fir southern rock mat laangen an improviséierten Jam Sessions.
Solo huet de Gregg Allman 11 Albumen erausbruecht, dacks wann hien eng Paus an der Band ageluecht huet oder wann do mol erëm Buttek tëscht den eenzelne Museker war. Op sengen eegene Placke steet reegelméisseg de Blues an de Sound aus dem déiwen amerikanesche Süden am Mëttelpunkt. Hien huet Uergel a Gittar gespillt a krut och als Sänger a Komponist gutt Kriticken.
De Gregg Allman war laang Joren drogenofhängeg an hat wéinst iwwerméissegem Alkoholkonsum eng Liewertransplantatioun hannert sech. Hien ass mat 69 Joer zu Savannah u Liewerkriibs gestuerwen.
D'Playlëscht vun haut:
Eddie & the Hot Rods - I Might Be Lying (single only, 1977)
Dr. Feelgood - Milk & Alcohol (Stupidity, 1976)
The Clash - Spanish Bombs (London Calling, 1979)
Plan 9 - I Like Girls (Dealing With The Devil, 1984)
The Bats - North By North (Daddy's Highway, 1987)
The Clean - Anything Could Happen (Compilation, 1986)
Look Blue Go Purple - As Does The Sun (Still Bewitched, 1985)
The Doors - Summer's Almost Gone (Waiting For The Sun, 1968)
Captain Beefheart - Observatory Crest (Bluejeans & Moonbeams, 1974)
Gregg Allman - I Feel So Bad live (The Gregg Allman Tour, 1974)
Gregg Allman - Time Will Take Us live (The Gregg Allman Tour, 1974)
Thin Lizzy - Whisky In The Jar (Vagabonds In The Western World, 1973)
Kings Of Leon - Sex On Fire (Only By Night, 2008)
The Beatles - Rain (single only, 1966)
Donovan - Hey Gip (The Real Donovan, 1968)