Klassik aktuell
"Eng Offer fir jiddwereen"
E war schonn am Juni bei der Presentatioun vun där neier Saison ugekënnegt ginn, zanter e Méindeg ass e Realitéit: D'Philharmonie huet en Amateurorchester gegrënnt - den Orchestre Place de l'Europe. Amateur versteet sech hei a sengem urspréngleche Sënn - Liebhaber vu gudder Musek. Deementspriechend soll et eng Offer fir jiddweree sinn. Als éischte Projet steet am Summer 2022 dem Antonin Dvorak seng 9. Symphonie - "Aus der neuen Welt" - um Programm. De Guy Engels huet mam Patrick Coljon, Member vun der Direktioun vun der Philharmonie, a mam Benjamin Schäfer, dem Dirigent vum Orchestre Place de l'Europe, geschwat.