Album vun der Woch
En eklekteschen Trip duerch d'Sphäre vun der Léift
Friem a plakeg huet sech d'Maya Postepski gefillt, wéi si hir Stëmm am Studio héieren huet. Déi kanadesch Musékerin Maya Postepski kennt een éischter als Batteuse vun der Elektropop-Band Austra oder als Partnerin vum Robert Alfons beim Elektro-Duo TR/ST. Ënner dem Pseudonym Princess Century huet si elo hiren drëtten Disk, "s u r r e n d e r" , erausbruecht, op deem si fir d'éischte Kéier och selwer séngt. Dat englescht Verb surrender gëtt an hiren Aen dacks falsch verstanen. Fir si bezeechent et net einfach d'Opginn, mee et huet eng méi sënnlech, deels schonn erotesch Konnotatioun. Am Sënn vu sech opmaachen an Neies zouloossen.