Klassik aktuell
Magnifica um Klenge Maarnicher Festival
E Mëttwoch (27.10.) trëtt de Blechbléiserquintett Magnifica zesumme mam Tubist Oystein Baadsvik an dem Pianist Stephan Schmitz beim Klenge Marnicher Festival op. Niewent enger ganzer Rei Kompositioune vum Baadsvik steet och d'Kreatioun "Four Jokes" vum Lëtzebuerger Komponist Georges Sadeler um Programm. Dëst Wierk gefält de fënnef Museker vum Ensembel Magnifica esou gutt, datt si wëlles hunn de Georges Sadeler ze froen, et fir hir Formatioun ouni Solist ëmzeschreiwen, wéi den Trompettist Michel Barré am Gespréich mam Luc Boentges verroden huet.