Klassik aktuell
Les violons dansants
D'Tina Strinning ass Professorin fir Gei am Conservatoire zu Lausanne, wärend d'Estelle Hiron als Professorin fir Gei um Conservatoire zu Lorient aktiv ass. Op Invitatioun vun der Geiistin an Enseignante Sandrine Cantoreggi si béid Professorinnen dës Woch am Stater Conservatoire fir de Projet "Les Violons dansants" mat Schüler auszeschaffen. Hei geet et drëm, d'Méthode Dalcroze nach ze verdéiwen an domat och Beweegung a firwat net och e bëssen Danz beim Prouwen mat anzebezéien. De But ass et, de Schüler op eng spilleresch Manéier en Instrument bäizebréngen. D'Resultat vun dëser Woch Aarbecht mat de Kanner gëtt e Sonndeg, 31. Oktober, um 10:30 am Stater Conservatoire presentéiert. De Manuel Ribeiro huet mat der Tina Strinning an der Estelle Hiron geschwat.