arrow_back_ios
Klassik aktuell
E Multitalent
Vun Natur aus huet den Dirigent Giuseppe Sinopoli ëmmer dozou tendéiert, all Saach Zäit ze loosse fir ze räifen. Wéi en existenziellt Bedierfnes war et him wichteg, a ville Beräicher net just kënneg, mee e richtege Spezialist ze sinn. An esou féiert dem Sinopoli säi Liewen eis bis an Ägypten, bei déi al Griichen iwwer d'Renaissance bis zum Däitschen Idealismus an der Kultur vum Wiener Fin de siècle. De Manuel Ribeiro mat engem Portrait vun engem aussergewéinleche Museker, deen den 2. November 1946 op d'Welt koum.