Klassik aktuell
International an Orchestral
Obwuel de Johann Sebastian Bach säin Heemechtsland ni verlooss huet, fënnt een a senge Kompositiounen ëmmer erëm Aflëss aus anere Länner. Ëm seng Inspiratiounen aus Italie geet et e Sonndeg, den 13. November am Kader vun engem Concert am Stater Conservatoire, organiséiert vun der italieenescher Ambassade. Den Cembalist Alessadro Urbano stellt Toccatae vum Bach Wierker vun italieenesche Komponiste géintiwwer.
Gläichzäiteg betount hien och den orchestrale Charakter vum Bach senger Musek fir Cembalo, wéi hien dem Luc Boentges am Interview verroden huet.