arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wann d'Aen net méi matspillen
Am 18. Joerhonnert stänneg bei Käerzeliicht komponéiere war doudsécher grad esou schlecht fir d'A, wéi wa mer haut stonnelaang op e klengen oder groussen Ecran stuerken. Vill Komponisten hate wéinst deem schlechte Liicht seriö Problemer mat den Aen, dorënner och déi zwee grouss Barockmeeschtere Bach an Händel. Allebéid hu si sech wéinst dem groe Star behandele gelooss. Beim G.F. Händel war et den 3. November 1752 een éischten Agrëff.