arrow_back_ios
Europa Aktuell
Web-Sommet zu Lissabon: Rendez-vous vun den High-Tech-Entreprisen
Mat 40 - amplaz wéi virun der Pandemie mat 100.000 Visiteure goung gëschter zu Lissabon de Websummit op en Enn. Zanter e Méindeg huet sech do vu Startuppen bis bei politesch Representanten aus verschiddene Länner alles getraff, wat sech fir Online-Aktivitéiten interesséiert. Mat derbäi war och eng Delegatioun mat Lëtzebuerger Entreprisen. Verschiddener sinn an der Covid-Kris entstanen. D'Marie-Line Darcy war um Websummit an huet den Tour gemaacht.