Klassik aktuell
De Stee rullt!
E Sonndeg, de 14. November um 14 Auer ass et esou wäit: Da feieren de radio 100,7 an de KulturKanal (KuK) d'Uropféierung vum Pierre Weber senger Kompositioun "Sisyphus' Sohn" no engem Text vum Raoul Biltgen.
Et ass den Ofschloss an Héichpunkt vun engem Projet, deen am Mäerz 2021 mat enger Ausschreiwung fir eng musikalesch Kompositioun zum Theema "Gléckleche Sisyphus" vum radio 100,7 zesumme mam KUK lancéiert gouf.
D'Uropféierung gëtt live op der Antenn an och iwwer d'Internetsitte vum radio 100,7 a vum KuK vum Ensembel iwwerdroen a vu The Duke's Singers interpretéiert. D'Prouwe fir dësen Event lafe well eng Rei Wochen, an an eng dovun huet de Luc Boentges eragelauschtert.
Ënnerstëtzt gëtt dëse Projet vun der Fédération Luxembourgeoise des Auteurs et Compositeurs (FLAC) an der SACEM.