Al Schanken
The Sky Is Crying
Den Gigi Felten gouf just emol 58 Joer al. Hie war eng fest Gréisst an der Lëtzebuerger Musekszeen: Zum engen a sengem Beruff an der Kulturfabrik, wou hien als Touningenieur geschafft an eng Abberzuel u Manifestatioune begleet huet. Awer och als Gittarist vun ë. a. Matt Dawson & Warehouse, Blues Women & Whiskey a speziell Heavy Petrol. Doriwwer eraus ass et och de Mënsch Gigi Felten, deen an Erënnerung bleift - frëndlech, roueg an ëmmer bereet mat sengem Wëssen a senger Experienz aneren zur Säit ze stoen.
Als Erënnerung un hien rediffuséiere mir Deeler vun der Aircheck Session, déi Heavy Petrol-Gig den 12. Dezember 2020 am Gigi Felten senger gudder Stuff gespillt huet - der Kulturfabrik.
Invitéë beim Fred Medernach sinn d'Elise Nunes, Sängerin bei Heavy Petrol an de Steve Richer, Gittarist bei der Band.