arrow_back_ios
Klassik aktuell
Wild Strings
Deen nächste Concert mam Orchestre de Chambre du Luxembourg an der Philharmonie ass iwwermuer Mëttwoch um 19.30 Auer. Fir deen Optrëtt huet d'Chefdirigentin Corinna Niemeyer sech nees emol en Theema ausgeduecht. "Wild Strings - geschlagen, gezupft, gestrichen, gerissen" heescht et mat Wierker vum Heinrich Biber, vun der Kaija Saariaho a vum Frank Martin. D'Corinna Niemeyer ass live beim Manuel Ribeiro am Studio.