arrow_back_ios
Klassik aktuell
Petite Messe solennelle
Et ass schonn eng Zäitchen hier, datt de Madrigal de Luxembourg e Concert sange konnt. E Samschdeg, 13. November 2021 um 8 Auer, ass an der Kierch zu Bouneweg um 8 Auer hiren éischten Optrëtt zanter Laangem mat um Programm déi herrlech "Petite Messe solennelle" vum Giacchino Rossini. Nieft de Sängersoliste begleeden zwee Museker um Piano an um Harmonium de Madrigal de Luxembourg.
De Manuel Ribeiro huet mam Dirigent Jochen Schaaf iwwer den Optrëtt geschwat.