Klassik aktuell
Prinzessin Anna Amalia von Preussen
Et gëtt nach Munches an der Museksgeschicht ze entdecken. Esou ass, trotz der Amalienbibliothéik zu Berlin, nach vill vun der Komponistin, Mäzenin a Sammlerin Anna Amalia von Preussen onbekannt. Virun allem ass et d'Musek vum Bach, déi si begeeschtert huet. Iwwerdeems huet si hiert ganzt Liewen net gescheit mat engem Léiermeeschter Musek weider ze studéieren.
D'Prinzessin Anna Amalia von Preussen gouf den 9. November 1723 gebuer an huet eng immens wichteg a grouss Kollektioun vu Partituren a Manuskripter hannerlooss. De Manuel Ribeiro huet sech fir dës Musekerin interesséiert.